__________________________

 

WËLLKOMM

 
... op der Internetsäit vun der ASCL, der Association des secrétaires communaux du Luxembourg.
 
D'ASCL gouf am Hierscht 2021 gegrënnt an ass säit deem de legitimen Nofolger vun der ASC, enger Ënnerorganisatioun vun der Gewerkschaft FGFC. Well mir eng Memberschaft an eiser Associatioun net wollten ofhängeg maache vun enger Memberskaart an enger bestëmmter Gewerkschaft, hu mir d'Décisioun geholl, eis nei opzestellen.
 
Den Ursprong vun enger Associatioun déi d'Intérêtë vun de Gemengesekretären zu Lëtzebuerg vertrëtt, geet op d'Joer 1866 zréck.
 
Mir wënschen Iech vill Spaass op eiser Internetsäit!