WËLLKOMM



... op der Internetsäit vun der ASCL, der Association des secrétaires communaux du Luxembourg, där hir Urspréng op d'Joer 1866 zréckginn.

D'ASCL gouf am Hierscht 2021 gegrënnt an ass säit deem de legitimen Nofolger vun der ASC, enger Ënnerorganisatioun vun der Gewerkschaft FGFC. Well mir eng Memberschaft an eiser Associatioun net wollten ofhängeg maache vun enger Memberskaart an enger bestëmmter Gewerkschaft, hu mir d'Décisioun geholl, eis nei opzestellen.

Mir wënschen Iech vill Spaass op eiser Internetsäit!

Member an der ASCL kënne ginn...

- aktiv an inaktiv Gemengesekretären a stellvertriedend Gemengesekretären

souwéi...

- aktiv an inaktiv Secrétaires-rédacteurs vu Gemengesyndicaten an établissements publics

a last but not least...

- soss jiddereen, deen de "Sekretärsexamen" gepackt huet